Wei all Joer, invitéiert BEE CREATIVE a seng Partner Iech op hier Summer-Ausgab vum Makerfest, den 21. an 22. Juni 2018 am Lycée Vauban[1] zu Gasperéch.

Viirkenntnisser braucht Dir keng, just Fiirwëtz, en Interessi fir nei Technologien a Loscht um Kniwwelen. Ateliere fir Grouss a Kleng maachen d’Makerfest zu engem flotte Rendezvous fir Klassen aus dem Fondamental a Secondaire, fir Gruppen aus Maisons Relais a Jugendhaiser suwuel fir Familljen. Fir jiddereen ass eppes dobäi!

2018 ass d’Thema vum Makerfest:SummerEditioun “Making great things for space”. Eis extern Partner wei Tesla, SES, CodeCLub Luxembourg, electronic-shop mat den LEGO WeDo oder d’Luxembourg Tech School weisen Iech die läscht Entwécklungen aus der Welt vun der Wëssenschaft. Kommt an entdeckt mat eisen ville Partner d’Welt vun der Technik, wei der se nach nie gesinn hudd!

Schreift Iech an/oder är Klass an um sitewww.bee-creative.lu/makerfest an kommt laanscht op eng Aventure wei der se nach nie erlieft hudd! Hei kritt der och en klengen Iwerbléck wat iech alles gebuede gett.

Mir freeën eis, Iech um MakerFest ze gesinn! Bis geschwënn am Lycée Vauban!

D’Ekippen vu BEE CREATIVE vum SCRIPT an SNJ

English | Lëtzebuergesch | Francais